fr  |  lu  |  de  |  en

Pédagogie

Aféierung

D'Crèche King Arthur's Castle befënnt sech an enger aler „Maison de maître", si ass ëmgi vun engem grousse Gaart a si ass no de leschte Reglementatioune vum Ministère de la Famille (www.itm.lu-ITM-SST 1514.1) renovéiert ginn.
D'Haus huet en Haaptdeel, eng Annexe an e klengen Tuerm. D'Haus mam Tuerm erënneren een un e klengt Schlass oder eng kleng Buerg.
De Grënner vun der Crèche heescht Arthur an esou war de Numm fir „d'Schlass" séier fonnt.
De Film vu Walt Disney (Merlin l'Enchanteur, 1963), dee vun der Legend vum Kinnik Arthur erzielt, huet net nëmmen d'Wiel vum Numm verstäerkt, mä eis och dozou inspiréiert de Projet pédagogique ronderëm dës fantastesch Geschicht mat hire faszinante Personnagen ze entwéckelen.
Den Arthur ass e Weesekand a schafft am Schlass vum Sir Hector, sengem Tuteur.
Engesdags geet den Arthur mam Kay, dem Hector säi Jong, op d'Juegd. Während der Juegd verléiert den Arthur e Feil vum Kay. Wéi hie sech op d'Sich mécht duerch de Bësch nom Feil, entdeckt hien dem Zauberer Merlin säin Haus. Den Arthur an de Merlin léiere sech kennen. Wéi de Merlin feststellt, dass den Arthur net éduquéiert ass, décidéiert hien e bei sech opzehuelen an him alles bäizebréngen.

De Merlin verwandelt den Arthur mat senger Zauberei a verschidden Déieren (e Fësch, e Kaweechelchen, e Villchen) fir him d'Gefore vum Liewen ze weisen an him bäizebréngen, dass een aus sengen Erfahrunge soll léieren. Den Arthur léiert dass d'Intelligenz déi wichtegst d'Stäerkt ass.
Mä dee jonken Arthur ass zefridden domatter en einfache Kniecht ze sinn an beschléisst dofir de Merlin ze verloossen an de Kay op en Turnéier an England ze begleeden. Op dësem Turnéier gëtt entscheet, wien den neie Kinnik gëtt.Den Arthur ass vun deem grousse Fest esou ofgelenkt, dass en dem Kay säi Schwäert an hirem Hotel vergësst. Duerch Zoufall fënnt hien e Schwäert dat an engem Amboss stécht an zitt et ouni Schwieregkeeten eraus.
Wéi sech erausstellt ass dat genau dat Schwäert, dat aus sengem Besëtzer den neie Kinnik vun England mécht. Bis elo hat nach keen et fäerdeg bruecht d'Schwäert aus dem Amboss ze zéien. An esou gëtt den Arthur zum neie Kinnik!


Eis pädagogesch Virsätz


Eis pädagogësch Aarbecht mat de Kanner orientéiert sech no de wëssenschaftlechen Erkenntnisser vum Maria Montessori an Emmi Pikler.

Maria Montessori

Mat der Promotioun zum Dokter an der Medezin, war d‘Maria Montessori déi éischt Doktesch an Italien. Si huet sech besonneg matt Embryologie an Evalutatiounsthéorie beschäftegt.
Si huet als Assistentin an enger psychiatrescher Klinik zu Roum geschafft a sech op Pédiatrie spezialiséiert.
D'Methodë vum Maria Montessori stellen d'Kand an seng Perséinlechkeet an de Mëttelpunkt.
D'Leitmotiv ass dass déi natierlech Freed um Léieren ënnerstëtzt a respektéiert gëtt.

Een Ëmfeld waat ugepasst ass, ass och an der Montessoripädagogik ee wichtege Punkt. Dëst gëtt dem Kand d'Méiglechkeet, sech lues a lues vum Erwuessenen ze léisen a selbststänneg déi Kompetenzen ze entwéckelen déi et fir seng Autonomie brauch.

Fir dem Kand d'Méiglechkeet ze ginn, no sengem Rythmus ze léieren huet den Erwuessenen eng zeréckhaalend Haltung: eng Kéier dem Kand gewise wéi et geet, bleift hie präsent a observéiert, mä hie gräift net an, just am Fall wou d'Kand seng Hëllef freet a brauch.

Emmi Pikler

Emmi Pikler war eng ungaresch Kannerdoktesch, Directrice vu verschiddenen Ariichtungen a Fuerscherin am Beräich vun der Entwécklung vu klenge Kanner.
An der Theorie vum Emmi Pikler ginn et 4 wichteg Prinzipien, déi an den éischten 3 Liewensjoer wichteg si fir dass d'Kand sech gesond entwéckle kann:

  • fest Bezuchspersounen
  • ee séchert an verlässlecht Ëmfeld
  • d'Eegeninitiativ vum Kand respektéieren an et a senger Selbstständegkeet ennerstetzen
  • fuedere vun engem optimale kierperlech Wuelbefannen a vun der Gesondheet

Fir dëst ze erreechen, musse 4 Aspekter respektéiert ginn:

  • d'Pfleeg vum Kand dass eng kierperlech Versuergung déi och als Kommunikatioun mam Kand ugesi gët. Den Erwuessene passt ëmmer drop op, dass d‘Kand fräiwellëg dodrunner deelhëlt.
  • Beweegungsentwécklung, déi d'Kand aus eegener Initiativ an no sengem eegene Rythmus mécht, ouni een direkt Agräife vum Erwuessenen.
  • Ee fräit Spill, wat ongestéiert an engem sécheren, altersugepassten Ëmfeld ofleeft.
  • Ee strukuréierten Dagesoflaf a Ritualer ginn dem Kand Sécherheet an Orientéierung.

Een Emfeld wat un den Alter vum Kand ugepasst ass an eng gutt Relatioun zum Erwuessenen, erméiglechen dem Kannd seng motoresch a kognitiv Kompetenze fräi an autonom ze entwéckelen.
Den Erwuessene léisst dem Kand déi Zäit wou et brauch. Grondsätzlech entwéckelt all Kand beim fräie Spill a beim ongestéierten expérimentéiere vum selwen seng motoresch Fähegkeeten a gläichzäiteg och sain Selbstbewosstsinn.

King Arthur's Castle ass eng Plaz wou jidderee wëllkomm ass an déi de Kanner an den Elteren eng Sécherheet bitt. All Kand ass eenzegaarteg an huet d'Recht, dass perséinlech no him gekuckt gëtt.
King Arthur's Castle ass eng Plaz wou d'Kanner e waarmt a frëndlecht Ëmfeld hunn, esou ewéi doheem. Et ass eng kleng Famill wou häerzlech Momenter grad esou wichteg sinn ewéi déi Momenter wou ee léiert. Et ass eng Plaz wou d'Kand, seng Wënsch a säi Wuelsinn am Mëttelpunkt stinn.
D'Kanner gi vu qualifizéiertem Personal encadréiert wat seng Aufgaben professionell, motivéiert a kreativ duerchféiert.
All Kand entwéckelt sech innerhalb vu sengem Altersgrupp mat Bezuchspersoune vun deenen et op sengem Wee an der Crèche begleet gëtt.
D'Entwécklung vum Kand steet op éischter Plaz: entdecken, spillen, ausprobéieren, begéinen, sech beweegen, léieren, wuessen.
Fir dass dëse Parcours esou gutt ewéi méiglech den Ufuerderunge vun de Kanner ugepasst ass, proposéiere mir verschidde Punkten am Projet pédagogique.
Et soll een awer net vergiessen, dass e Projet pédagogique sech am Laf vun der Zäit ka weiderentwéckelen oder änneren. Mir behalen eis dofir all Rechter vir, de Projet pédagogique zu all Moment zum Wuelsinn an zum Virdeel vun de Kanner kënnen ze adaptéieren.


Allgemeng Ziler a pädagogesch Prinziper

D'Adaptatioun

D'Adaptatioun un d'Crèche soll lues a mat vill Gefill geschéien. D'Integratioun an de Grupp geschitt progressiv an an Zesummenaarbecht mat den Elteren.
All Kand huet eng Bezuchspersoun. Dës Éducatrice oder dësen Éducateur hëllefen dem Kand lues a lues méi autonom ze ginn a sech esou gutt ewéi méiglech am Grupp ze entwéckelen. Spéiderhi sinn d'Kanner esou méi oppe vis-à-vis vun anere Kanner oder Erwuessener.
D'Adaptatioun ass e wichtege Moment an deem d'Kand d'Crèche, déi aner Kanner an d'Équipe kenneléiert. Dës Phase ass och grad esou wichteg fir d'Elteren: si erlaabt hinnen den Alldag an der Crèche matzëerliewen a kennenzeléieren.
D'Agewinnungsphase verleeft bei all Kand aneschters, well all Kand säin eegene Rythmus a seng eege Besoinen huet. Dowéinst gëtt och de Verlaf vun dëser Agewinnung fir all Kand individuell geplangt a vun den Eltren matt der Chargée de direction zesummen beschwaat.

De Respekt vis-à-vis vum Kand an der Famill - Zesummenaarbecht mat den Elteren

Vun Ufank u gëtt d'Vertrauen tëscht der Équipe an den Eltere grouss geschriwwen.

D'Elteren ginn an déi pädagogesch Aarbecht mat abezunn an iwwert déi verschidden Aktivitéite regelméisseg informéiert. Si sinn d'Experte vun hirem Kand an dofir ass eng gutt Zesummenaarbecht zwëschen der Crèche an den Elteren immens wichteg.
Den Accueil (moies an owes) ass e wichtege Moment fir sech auszetauschen.
Regelméissege Kontakt a Gespréicher sinn immens wichteg. E klenge Carnet, deen all Kand kritt, gëtt nach zousätzlech Informatiounen zu de Kanner hirem alldeeglechen Oflaf an der Crèche.

Diversitéit

An eiser Crèche begéine sech ënnerschiddlech Kulturen a Sproochen. Dëst gëtt och an der pädagogescher Aarbecht respektéiert an als Virdeel betruecht. Mir bidden alle Kanner, egal mat wéi engen Originen, Geschlecht oder sozialem Status, déi selwecht Léier - an Entwécklungschancen.

D'Vertrauen

Fir d'Kanner ass et wichteg, dass si en Ëmfeld hunn op dat si sech kënne verloossen. Gläichzäiteg musse si awer och léieren, dass alles wat si an dësem Ëmfeld maachen och Konsequenze kann hunn.
Dofir sinn an der Crèche verschidde Plazen ageriicht déi si mat deenen aneren zesumme benotzen (Lieseck, Poppeneck, Iessdësch...) a gläichzäiteg behale si méi perséinlech Plazen a Saachen (d'Bett, den Doudou...).

D'Gesondheet an d'Propretéit

D'Kanner entdecken hire Kierper duerch upaken an duerch schwätzen. Mir leeë virun allem vill Wäert drop, dass d'Kanner sech wuel fille wa si frësch gemaach ginn, gewäsch ginn, sech d'Zänn wäschen...
Dack léieren déi Kleng vun deene Groussen. Si kucken hinnen no a maachen hinnen et no. Vun Ufank u gi verschidde Ritualen duerchgefouert: sech virum Iessen d'Hänn wäschen, sech nom Iessen d'Zänn wäschen, op de Potti goen...
D'Kanner kréie regelméisseg proposéiert op de Potti ze goen. Duerch d'Gewunnecht froe si dann iergendwa vum selwen no.

De Schlof

E gesonde Schlof ass wichteg fir all Kand: e laangen a gudde Schlof huet e positiven Afloss op dem Kand säin Dagesoflaf an op säi Wuesstem. Een Erwuessene bleift mat de Kanner an der Kummer bis d‘Kanner ageschlof sinn. Een Babyphone garantéiert eng permanent Iwwerwachung vun den Kanner. D'Sieste fënnt ëmmer nom Iesse statt.
D'Kanner kréie systematesch hiren „Doudou" oder hir Suckel proposéiert. Esou ginn hir Schlofgewunnechte vun doheem respektéiert.

D'Iessen

D'Iessen ass e flotte Moment wou Grouss a Kleng zesumme gemittlech ronderëm den Dësch setzen.
Et ass awer och gläichzäiteg e Moment wou geléiert gëtt:

  • den Austausch tëscht Grouss a Kleng
  • Dëschmanéieren léieren
  • Regelen déi ee virum, während an nom Iesse soll anhalen: d'Hänn wäschen, säin Tour ofwaarden, setze bleiwen...
  • Propper an selbststänneg iessen: Kanner gin dozou motivéiert zesummen matt den Erwuessenen den Dësch ze decken, d'Kanner hun och d'Méiglechkeet, sech selwer ze servéieren
  • Den Goût, den Geschmaach an d'Faarwen entdecken: d'Kanner gin emmer motivéiert, vun allem ze schmaachen

D'Crèche proposéiert de Kanner all Dag équilibréiert, gesond a variéiert Platen, déi an der hauseegener Kiche „Merlin's Kitchen" preparéiert ginn. De Menu gëtt all Mount an Zesummenarbecht matt enger Diététicienne zesummengesaat, ausgehaangen a publizéiert. Esou kënnen d'Eltere schonn am virauser gesi wat déi nächst Deeg op den Dësch kënnt.

Eng kompetent Équipe

Fir dass mir eist pädagogescht Konzept ëmsetzen kënnen, gi regelméisseg Formatiounen organiséiert, fir d'Kompetenze vum Team ze fuerderen.
Och regelméisseg Teamversammlungen ënnerstetzen folgend wichteg Aspekter:

  • Austausch ënnert den Mattarbechter
  • D'Ëmsetzung vum Konzept
  • D'Plange vum Alldaag an der Crèche
  • D'Plange vun den Aktivitéiten
  • Den individuellen Rapport vun all Kand iwwert seng Entwécklung
  • Viirbereedungen vun den Elterenversammlungen

Dagesoflaf an Aktivitéiten

07h00-08.00: Ouverture vun der Crèche, d'Kanner kommen un, Fraispill.
Fir all Kand ass et ee wichtege Moment, den Elteren Äddi ze soen. Verschidde Ritualen erliichteren dëse Moment, ewéi zum Beispill dass d'Elteren dem Kand d'Jackett an d'Schung ausdoen. Si begleeden hiert d'Kand an de Grupp a soen him dann Äddi. Sou besteet och d'Méiglechkeet fir ee kuerzt Gespréich zwëschen den Elteren an Mataarbechter.


08h00-08h30: Begréissungslidd - Stullkrees
08h30-09h00: Kaffi
09h15-09h45: Mir ginn an d'Buedzëmmer (Toilette, Hänn wäschen)
09h45-11h30: Aktivitéiten dobaussen oder dobannen oder Fraispill


Souwäit d'Wiederconditiounen et erlaben, gi mir all Dag moies a mëttes mat de Kanner un d'frësch Loft.


Déi geplangten Aktivitéiten, déi no enger strukturéierter Aart a Weis oflafen, stimuléieren d'Entwécklung vum Kand: d‘Sprooch, d‘Motorik, d‘Sozialverhalen, d‘Autonomie...

  • kognitiv Aktivitéiten (Geschichten erzielen)
  • kreativ Aktivitéiten (molen, bastelen)
  • musikalesch Aktivitéiten (sangen, Instrumenter ausprobéieren)
  • sportlech Aktivitéiten(turnen, Parcours, Beweegungsgeschichten)
  • a villes méi

Fir d'Kanner ënner 2 Joer, gëtt den Dagesoflaf hirem Rythmus an Bedierfnisser ugepasst.


11h30-12h00: Virbereedung fir Mettegiessen

(Hänn wäschen, op d'Toilette goen, den Dësch decken...)

12h00-12h30: Mëttegiessen
12h30-13h00: Mir ginn an d'Buedzëmmer (Toilette, Hänn wäschen, Zänn wäschen...)
13h00-15h15: Sieste


Déi Kanner déi net schlofe ginn, kréien eng roueg Aktivitéit ugebueden (Puzzel, Billerbicher kucken, Massagen, molen...)


15h15-15h30: Mir ginn op d‘Toilette
15h30-16h15: Aktivitéiten dobaussen oder dobannen
16h15-16h30: Virbereedung fir d‘Collatioun
16h30-17h00: Collatioun
17h00-17h15: Mir ginn op d‘Toilette

17h00-19h00: begleedend Fräispill, d'Kanner gi vun hiren Elteren ofgeholl
D'Crèche mécht zou.
Den Aktivitéitsplang gëtt all Mount um Internetsite publizéiert an och an der Crèche opgehaangen.


Déi psychomotoresch Entwécklung - eis zentral Bildungsberäicher / pädagogesch Fuerderberäicher

De Kanner hir psychomotoresch Aktivitéit ass ausschlaggebend fir hiert Ëmfeld ze entdecken an ze erueweren.
„ D'Kand léiert duerch d'spillen, de Motor vum Spill ass d'Freed"
D'Kanner léieren dëst progressiv vu klengem un. Aus deem Gronn bidde mir hinne verschidden Aktivitéiten un:

  • Beweegungsspiller
  • De Kierper entdecken
  • Massagen
  • Parcours
  • Puzzlen
  • Kollagen
  • Fainmotorik
  • Schneiden
  • Fangerspiller
  • Waasserspiller
  • D'Natur entdecken
  • Experimenter matt verschiddenen Materialien

„Hellef mir et selwer ze maachen"
des Opfuerderung gelt als Grondgedanken an der Montessoripädagogik

Mir probéieren esou vill ewéi méiglech déi Situatiounen ze ënnerstëtzen an deenen d'Kanner alleng, ouni d'Hëllef vun engem Erwuessenen, handelen a selwer décidéiere wat a wéi si eppes wëlle maachen. Et ass wichteg hinnen an deem Moment hire Choix nach eemol ze widderhuelen, en ze confirméieren an hinne kloer ze maachen, dass een et duerno neméi kann änneren oder sech kann ëmdécidéieren.
All Kand soll d'Gefill hu selwer kënnen ze décidéiere wat et wëll maachen, iessen oder spillen. Den Éducateur oder d'Éducatrice lauschtert no a probéiert d'Kand esou gutt et geet ze ënnerstëtzen an him zu der beschter Décisioun ze verhëllefen.
Déi eng Kanner gi méi séier autonom ewéi déi aner. Jidderengem säi Rhythmus gëtt respektéiert an all Initiativ fir selwer eng Décisioun ze huelen encouragéiert.

Eis pädagogesch Fuerderberäicher

Kreativitéit

D‘Kanner drécke sech bei kreativen Aktivitéiten (molen, bastelen, pechen) op hir Art an Weis aus. D'Resultat wat dobäi erauskënnt ass net d'Zil, mä den spillereschen Ëmgang matt den verschiddene Materialien.

Rollespiller

Bei Rollespiller gesinn d'Kanner d'Welt aus hirer Siicht a si versetze sech dobäi an aner Persounen. Dëst erméiglecht de Kanner och, hir Empathie weider ze entwéckelen.

D'Sprooch

D'Sprooch ass vu klengem u wichteg fir déi sozial Integratioun vum Kand. D'Éducatricen an d'Éducateuren hëllefen de Kanner beim schwätzen: si weisen hinnen, maachen Zeechen a passen op den Toun an d'Wierder op déi si benotzen.
D'Équipe vun der Crèche schwätzt: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, verschidde Mataarbechter och Englesch an/oder Portugisesch.
Mat de Kanner schwätze mir haaptsächlech Lëtzebuergesch, fir dass si et herno an der Schoul méi einfach hunn.
Trotz allem huet d'Mammesprooch eng grouss Bedeitung fir d'Kanner. Ouni korrekt Mammesprooch d'Léiere vun enger zweeter Sprooch kaum méiglech. Souwäit et eis méiglech ass, gi mir der Mammesprooch eng Plaz an eiser Crèche.

Bauen, Technik, experimentéieren a fuerschen

Baukasten, Steckspiller, Experimenter a verschidde Spiller leie fräi zougängeg fir d'Kanner bereet. Dës Spiller fuerderen d'Kreativitéit, d‘Fäinmotorik, d‘Gedold an d‘raimlecht Denke vun de Kanner.

Natur

D'Natur ass ee grousst Fuerschungsgebidd fir d'Kanner an een immens ofwiesslungsräicht Léieremfeld ass.

Mir gin all Daag matt den Kanner eraus. Aktivitéiten an der Natur, erméiglechen den Kanner, nierwt engem gudden Wuelbefannen och dass si emol an Staunen geroden. D'Natur beobachten an matt Materialien bastelen ass eng éischt Geleegenheet fir d'Kand sech matt der Natur ze befaassen

"Kand an Natur - eng engagéiert Entreprise fir d'Welt ze erhaalen"

Sech beweegen

Een Kand muss dierfen spillen an sech frai beweegen. Fir den Kanner dest ze erméiglechen léen mir groussen Wert op d'Ariichtung.

Mir proposéieren reegelméisseg Beweegungsaktivitéiten fir d'Gesondheet, d'Kierpergefill an d'Selbstvertrauen vun den Kanner ze fuederen.


Directioun vun der Crèche

D'Directioun vun der Crèche verpflicht sech, folgend Punkten ze respektéieren:

  • d'Ëmsetze vum pädagogesche Konzept
  • d'Anhale vum Règlement d'ordre interne
  • Zesummenaarbecht matt den Elteren
  • D'Sécherheet vun de Kanner an der Ekipp ze garantéieren
  • D'Hygiènëreegelen ze respektéieren

D'Sécherheet ass een vun den wichtegsten Aspekter an eisem Alldaag. Fir dass d'Sécherheet garantéiert ass, gin folgend Punkten strukturéiert an konsequent vun der Directioun respektéiert:

  • Reegelméisseg Formatiounen fir d'Personal
  • All Mattarbechter muss den 1. Hellëf Cours gemaach hun
  • Evakuatiounsübungen an Zesummenarbecht matt den Pompjéën
  • All Mount gëtt den Dossier de sécurité à jour gesaat
  • All Mount gin sämtlech Installatiounen kontrolléiert:
    • Heizung
    • Lift
    • Rauchmelder
    • Gasmelder
  • All Mount gëtt een Sécherheetstour vum ganzen Gebai gemaach

Conclusioun

King Arthur's Castle ass eng Plaaz wou d'Kanner LIEWEN, LÉIEREN an DEELEN.

Mir ginn hinnen d'Hand op hirem Wee, ënnerstëtze si sech selwer ze ginn, akzeptéieren si sou wéi si sinn, hëllefen hinne kleng ausgeglache Leit ze ginn, déi nach vill Freed an Zukunft wäerten hunn.