fr  |  lu  |  de  |  en

Déi Crèche zu Miersch, wou grouss ginn eng richteg Aventure ass!

Kleng Prënzen a kleng Prinzessinnen erliewen hei all Dag flott Aktivitéiten a Geschichten, a léieren nei a spannend Saache kennen.

Den éducative Programm vun der Crèche baséiert sech op d'Legend vum King Arthur, senge villen Aventuren a senge faszinéierende Kollege.

D'Crèche ass an enger aler "Maison de Maître" zu Miersch mat engem grousse Gaart ënnerbruecht. Hei hunn d'Kanner e "Schlass" fir ze wunnen an eng "fantastesch Landschaft" fir ze erueweren.

D'Crèche ass 2012 vun Arthur Carvas gegrënnt ginn an no de leschte Reglementatioune vum Ministère de la Famille renovéiert ginn. Si bidd Iech Hallef- (moies oder mëttes) a Ganzdagskontrakter.

Praktesch Informatiounen

Den Accueil ass op Lëtzebuergesch, Däitsch, Portugisesch, Franséisch an Englesch.

Mir schaffe mat „Chèque-Service“.

Den Accueil ass vu Méindes bis Freides, vu 7 bis 19 Auer.

News

Fräi Aarbechtsplazen

Méi Informatiounen zu deenen eenzelnen Aarbechtsplazen hei:

D’Ouverture

D'Crèche ass säit dem 5. November 2012 op!

Inscriptioune kënne gemaach ginn, andeems ee ganz einfach de folgende Formulaire ausfëllt an zeréckschéckt.